Formation spéciale an der Regiirungsverwaltung!

Duerch den Règlement grand-ducal vum 4. September 2020 gëtt d’formation spéciale an der Regiirungsverwaltung komplett nei gereegelt an dat nodeems dat d’ACFAgouv den 24. August mam Minister Marc Hansen een accord doriwer fond hat.

Hei een kurzen Réckbléck:

Dat alt Réglement war 2004 enstanen no langen Verhandlungen vun der ACFAgouv mam deemoligen Staatssekrétär Jos Schaack. Doran waren 262 Stonnen Formation fir den Ustellungsexamen an 184 Stonnen fir den Promotionsexamen virgesin. Deelweis ass dat Réglement awer iwerhapt net méi an d’Praxis emgesat gin! Am Kader vun enger Reih vun gréisseren Reformen an der Fonction publique – modernisation vum examen-concours, réduction vum stage vun 3 op 2 Joer, réduction vun der formation générale am INAP – hat den Ministär vun der Fonction publique zesummen mat dem CGPO an dem INAP am Dezember 2019 eng Reform vun der Formation spéciale an der Regiirungsverwaltung virgestalt wou och d’ACFAgouv invitéiert gi war, zesummen mat den Vertrieder vun den A1, C an D – Gehaltsgruppen. D’Zuel vun den Formatiounsstonnen sollt vun 262 op 60 reduzéiert gin, gekoppelt mat enger kompletter Modernisation vun den Léierméthoden. An dem Bréif vum 10. März 2020 huet den Comité dem Minister Marc Hansen op 15 Säiten versicht z’erklären dat seng Reformvirschléi ze vill radikal wiiren an net deenen spézifischen Bedürfnisser vun eiser carrière géifen Rechnung droen. Verschidden Matièren missten méi intensiv behandelt gin, wéi dat am Power Point Dokument vum Dezember virgesi war. Wéi der an eisem Bréif noliesen kënt hu mer eis Gegenvirschléi am détail explizéiert, ouni dobäi di ursprünglech Virschléi vum Dezember ofzeleenen; au contraire mir hunn versicht di zwou Positiounen ze combinéieren an sin dobäi op 150 Stonnen Formation komm.


Leider huet den Ministär eis Virschléi ignoréiert an den 13. Juli 2020 der CHAMBRE DES FONCTIONNAIRES ET EMPLOYES PUBLICS een Projet de règlement grand-ducal pour avis zougestalt an deem d’initial Proposen aus dem Power Point Document integral iwerhol gi waren. D’CHFEP huet sech den 4. August 2020 an hiiren avis A-3378/20-38, deen der um site www.chfep.lu noliesen kënt, net mat deem projet d’accord erklärt, virun allem well den Artikel 36 vum Statut géneral des Fonctionnaires de l’Etat net respectéiert gi war a well si net mat engem allgemengen Ofbau vun der Formation vun dem Staatspersonal d’accord ass.


Doropshin huet den Minister Hansen eis eng entrevue proposéiert. Déi war dunn den 24. August 2020. No längeren Diskussiounen si mer eens ginn dat d’Stonnenzuel eleng net ausschlaggebend ass, mee dat den contenu vun den cours’en a virun allem d’pédagogech approche wichteg ass. Anerersäits ass awer een Minimum noutwendig, well soss kënnen wichtig Matièren iwerhapt net anständig behandelt gin. Schlussendlich ass zréckbehalen gin:
Stonnenzuel gëtt op 100 festgeluecht.


De détail vun den matièren soll d’ACFAgouv nach mat der Madame Tescher diskutéieren.
Zweemol am Joer soll mam Minister een échange iwert d’Formation stattfannen.

Den detail vun der Formation déi d’stagiären vun der Regiirungsverwaltung lo erward, steet am Règlement grand-ducal vum 4. September.
Den Comité invitéiert iech all, a virun allem di concernéiert stagiairen, eis hir Kommentaren op acfagouv@lu zoukommenzelossen, woubäi mer déi selbstverständlich vertraulich behandelen werten!